Sin ech nach normal?
Des Fro stellen ech mir säit geraumer Zäit. Zënter ech deen neien CD vun LUXUS héiren hun. Méi genee: zënter ech deen Disk GELAUSCHTERT hun, an zu méngem allgemengen Entsetzen, och nach GUDD font hun! Net nëmmen dat, mee ech hun mir des Scheiw an der Tëschenzäit och nach 3,5 mol ragezunn (déi hallef Kéier war, wou ech en de Kolleegen am Schnellduerchgang viirgespillt hun). Op Radio ARA sin ech, zu ménger Verteidigung, zoustänneg fir Blues, Psyché an Alternative Roots-Rock, awer bestëmmt net fir dese Genre Musék. Musék hun ech gesoot??? Jo a Neen! Sécher, et gëtt hei Geräischer ze héiren (héhéhé), produzéiert vun elektroneschen Wonnermaschinnen, an souguer Gitarren, Bass a Batterie kann een däitlech erkennen, mee de Reiz ass eemol méi, bei Luxus a séngem Mastermind‚ Chick'n Mo, déi satiresch an munchmol total duerchgeknallte Texter. De Feierkroop géng sech d'Fangeren lecken. De Leonard Cohen villäicht net! Esou fënnt een op ‚A fart in your general direction' (sou dee gudd biirgerlechen Titel vum Album) eng Coverversioun vun séngem ‚Suss' (15'40'' Minuten laang, excusez du peu), mat ‚recherchéierten' Textzeilen an engem apokalypteschen Enn, wou ‚The Bear' iwwert säi Bass an den Auteur vum Stéck ‚philosophéiert'. Hei wëllt ech ‚präziséiren', dat Käpt'n Mo net de Bob Hite vun Canned Heat aus sénger Holzekëscht zum Viirschäin erausgezaubert huet. Bäim ‚Bear' handelt et sech, schlicht an trotzdeem ergräifend, hei, em de Paul Lebrun-National. Niéwt desem ‚Monument' vun der lëtzebuergescher Musékszeen sin nach eng helle Wull aner Muséker, déi sech bei deser Produktioun mat schëlleg machen (Berny Z, J.-M. Treinen, Rico Winandy, Pol Urbany, fir der nëmmen e puer ze nennen). A wann ech dat Wuert‚ schëlleg' hei gebrauchen, dann ass dat net vun Moutfort, oder mengt Dir wiirklech, léif Luxurianer, dat unser deutscher Freund, den Dokter H. Kohl Iéch Knippercher oder e Stéck Saumagen riwwerschékt, wann hién den Titel ‚Selig währt am längsten' an d'Griffelen respektiv d'Oueren kritt ...? Vun ménger Säit awer: ‚Chapeau bas, messieurs'!!! Well do stiéchen Tonne Stonnen Arbecht dohannert, fir des original (!) Aussoën vum schwéiergewiichtegen Ex-Spëtzepolitiker chronologesch an e Stéck anzepaken, an mat Musék ze ënnersträichen. Minütiös Recherchen hun och missen ënnerholl gin, fir dem ‚Lexa Masch-Roth' gerecht ze gin an déi sëllech Nimm opzeziélen, déi onse Päipperlék niéwt Pimpampel an dem verdäitschten Schmetterléng nach dréit. Mee ganz komplett ass des Lëscht leider, leider net! Well, wann de Flutterby erlaabt sollt sin, därft een och dee villäicht wéineg üsitéierten, mee dach ausdrocksstarken ‚Steve Mc Queen' akzeptéiren, als Hommage un d'Verfilmung vum Henri Charrière séngem Meeschterwiérk! Ech biéden drëm! Verbuede Substanzen goufen an desem Buch jo nie namentlech erwähnt, mee wann den Held sech an sénger Zell ‚op d'Reess' gemeet huet, konnt een sech schons viirstellen, wat domat gemengt war! Luxus huet dee Kick net gebraucht, obschons de Schluss vum CD dach déi eng oder aner Fro onbeäntwert léisst. Am Klortext: ‚Well d'Kéih schiffen, musse mer piffen' (op d'Melodie vun 'Wir kiffen'), eng Logik, déi mir perséinlech, lues a lues, evident schéngt! An genee dat mëcht mir Suergen!!! An duefir nach eemol méng Fro: Sin ech nach normal? Op jidde Fall siéw hei an aller Offenheet nach eemol virun desem Disk gewarnt: latent mee onwidderruflech Virusinfektiounen vum bëssche Gehiir wat jidderengem vun ons nach bleiwt kënnen bäim Lauschteren vun desen 22 Titelen duerchaus optauchen. Kommt also duerno net bäi mech kräischen, well ech hat Iéch et jo gesoot, gesoot, gesoot, gesoot, gesoot ....... De Ben vun
USELDENG (an dat ass KEE Witz!)
|