Weini ass 't Grupp gegrennt ginn: Am Summer 1996 huet
den Raoul an den Christian C. d'Grupp gegrënnt.
Musikalësch Erfahrungen bis dato: Den Christian C.
an den Gianni sinn aus Zodiac (Grunge-Punk-Hard-Rock) komm, an den Yves
waar firdrun bei den Sixpacks (Punk Rock), den Christian Neyens haat virdrun
bei enger Hard Rock Grupp gespillt.
Style: Industrial-Noise-Rock
Influenzen: Waat immens flott waar, an och heiansdo schwiereg,
waar daat dei verschidden Leit relativ ennerschiddlëch Musëk
gelauschtert hun, daat ass vun Skinny Puppy, Throbbing Gristle, Joy Division
bis zu Jane's Addiction oder Gruppen wei Sebadoh oder Sonic Youth gaangen.
Eis gemeinsaam Nenneren waaren awer definitif : dei ganz wichtëg God
Machine, Nine Inch Nails an den eischten Album "Ungod" vun Stabbing Westward.
Concerts: Intox huet nët sou vill Concerten gin.
An deenen drai Jöer wou t'Formatioun gelieft huet hun se ronn eng
dozen Gigs gespillt. Ennert aanerem am Pulp, am Shakesbeer, am Café
A, am Bronx, etc. Deen eischten Concert hun se 1997 am Atelier gespillt.
Opnahmen: Intox huet 1998 eng Cassette mam Numm "Interplasticqk"
erausbruecht. Et konnt een ennert feier verschidden Cover wielen (sinn
se awer nie all lassginn...) ann et waaren 6 Lidder drop. Den Gilles Ruppert
haat t'Musëk opgeholl ann gemëscht.
En falscht Enn: T' Grupp huet sëch geint 1999-200
opgeleist weinst musikalëschen Differenzen.
Ann dunn? Den Lionel Malané huet dun Dryad Smith gegrënnt. Dei rechtlësch Memberen hun weider gemaat ënnert diversen Nimm wei Rodez, Eggnogg an Orla, ann hun och mol vun Zait zu Zait en Concert am Land oder an der Belsch gespillt.
Den Pol Kreier, deen deemols och schon bei Torpid dobei
waar, huet den Bass iwerholl an t'Natascha Raffaelli, waat vun den Baby
Oil komm ass, huet Uegel gespillt.
Mettlerweil spillen dei zwee Christianen mam David André
aus Balboa an enger neier Grupp dei nach keen Numm dreit.
Duerch Changementer am Line-up huet sech och 't Musek mat den Joëren verennert: Indie-Post Rock mat skurillen Rythmen an bizarren Iweergäng bis Electro-Dance-Noise maachen t'Leit haut am Joer 04.
An wann se nach nët gestuerwen sinn, musizéieren
se nach haut...