Melodic Metal
 
Steichen Yves – Vocals
Geb.: 7 august 1981
wunnt zu Feelen

Schweitzer Raphaël – Lead & Rythm Guitar
Geb. : 20. Oktober 1984
wunnt zu. : Grooljen

Schweitzer Christophel – Lead & Rythm Guitar
Geb. : 26. März  1983
wunnt zu : Grooljen

Paiva Dany – Vocals & Bass
Geb. : 15 Februar 1985
wunnt zu Bettnduerf
 

Munoz Joe  -  Drums
Geb. : 3 November 1984
wunnt zu Bettenduerf
 
 

D’Grënnung vun der Band Mercury war 1999: Munoz Joe (Drums), Paiva Dany (Bass), Feller Pol (lead guitar), Derneden Andy (r.guitar, Jonas Jeff(Vocals).

Mat där Formatioun sin nëmme Coveren gespillt gin wéi Metallica, Black Sabbath, Nirvana....

No perséinleche Problemer ass den Andy aus der Band ausgetrueden an de Raphaël Schweitzer ass an d’Grupp opgeholl gin. Wéi dun och de Jeff rausgaangen ass huet de Pol gesong.

Den 27.  Januar 2001 sollte mer dann deen éishte groussen optrëtt hun um Jugendforum zu Bettnduerf zesumme mat der Band Purple Haze. Leider haate mer Pech well de Pol zwee Deeg virdrun krank gin ass an duerfir nët matspille konnt, sou hu mer zu 3 gespillt. Wéinst Problemer an der Grupp ass de Pol 2 deeg drop rausgaang. Dann ass dem Raphaël sai Brudder, de Christophe am Februar 2001 agetrueden. Vun do hun hu mer nëmme méi eege Lidder geschriwwen mam Dany als Sänger.

Am Joer 2003 ass dann och nach eng ganz wichteg Wenndung  agetrueden, mir hun een neien Sänger kritt den „Sevy“ Yves Steichen, deen een perfekten Ersatz fir den Paiva Dany ass. (also nemmen am Gesang, nit um Bass , dat mir eis richteg verstinn). Heen huet sech schnell integreiert, an mat him hoffen mir op nach eng gudd Zukunft fir d´Grupp.
 

Gespillten Concerten:

 21.01.2001 – Jugendforum zu Bettenduerf
 27.09.2001  -  Rock am Mais zu Housen
14.04. 2002 -  Party zu Weller
10.07.2002 – Rock an der séeerei zu Dikkrech
12.07.2002 -  Rock am Mais zu Housen
02. 11 .2002 – Halloween Metal Festival zu Zolwer
01.02.2002 – d’Scheier rockt zu Bëschdrëf
22.03.2003 – Bruit qui court zu Dikkrech
10.05.2003 – Rock de Stéier zu Tënten
19.07.2003 – Rock am éisléeck
30.08.2003 – Concert am Bloen Eck zu Stegen
04.10.2003 – Rock vir de Peru  zu Dikkrech
6.12..2003 -  Concert zu Waldbrédimus
16.04.2004 – Rock de Kraidergaard zu Tënten
10.07.2004 – Concert am Rox (café an der staad)
02.10.2004 -  Newcomers on Stage zu Dikkrech

…an nach lénks a riets kleng Optrëtter
 

Demo-Tape: Mercury – „For those who care“ opgeholl 2004 am studio zu Consthum – 5 tracks

www.mercuryband.de.vu