De 4. Mee 1894? 1927? 2050?, ????????????? Wee wees daat nach? A few gray federales....... ORE COUNTRY RAMBLERS
|
|
Et wor emool an dem schéine Minettsland eng Band (mat ä) vun ongläiche (Radau?-)Bridder, déi wollten mateneen musizéieren. Deen een wor den daapere Schneider, denn zweeten wor dee bronge Bier an deen drëtten wor ee Lompekréimer. Hir Optrëtter wore rar geséit, mee dofir emsou méi schwach besicht. An awer hun s'ët färdeg bruecht, op hirer Eurovisionsalternativ fir d'Esch-Grenzer-Scouten mat der Hëllef vum LUKAS (ee Lusthaas ouni T, dee wëssentlech kee Kontakt mam Hugh Hefner hat) an engem anonyme Cassettendeck hir musikalesch Kapazitéiten ze sprengen an eng anthologesch-wertvoll Sammlung vun akoustëscher Country-Musék mat Stécker vun esou bekannten Auteuren ewéi dem Trad., dem Jerry Garcia (rip) oder dem Paul Lebrun fir d'Éiwegkeet festzehaalen. |