Plakeg oder Ugedoen

De Grupp Plakeg oder Ugedoen huet just zwee Memberen. Et sin dëst de Sänger, René Lauer, an de Guitarist, Morgan Meyer, genannt Moogy. De Numm vum Grupp huet weider keng Bedeitung ewei dei, dei jidder Eenzelnen ëm wëll gin. De Musekstil vum Grupp ass eng Mëschung vun akkustescher Folk Musëk an Cabaret.

De René ass en Autodidakt wat d’Sangen ubetrëfft, huet awer während engem Stage eng Aféierung an Gesangstechniquen kritt, an huet sech och eemol mat der Bassguitar an der klassecher Guitar ofgin.

De Moogy huet den Degré 3 vum Certificat 2 an der klassescher Guitar vun der UGDA. Hien spillt niewenbei och Batterie an Mondharmonika. Sangen kann en zwar net mae en insisteiert emmerem dei zweet Stemm ze sangen.

Zesummen hu sie och schon am Lycée, an der Schülerband “Half a Pint” gespillt, de René um Bass an de Moogy op der Guitar.1 Deemols haten sie och schon eng Cassette opgeholl an verkaaf.

Eier duerch Zoufall, gouf dunn am Juli 1993 Plakeg oder Ugedoen gegrënnt. Um “Looking for the best” Concours hätten de René an de Moogy sollen mat e puer Kollegen als klassech 4-Mann Rock Band optrieden. Well hir Frenn awer an leschter Minutt ofgesoot hun, koum et dunn zu engem deelweis improviséierten Concert mat kabaretisteschen Elementer. Den Echo war generell positif, Plakeg oder Ugedoen huet den 6ten Preis gewonnen, d'Kritiken waren gudd, an esou ass décidéiert ginn weider ze maachen.

Esou konnt een deemols am Tageblatt folgendes liesen: “Die Publikumslieblinge an diesem Abend hiessen aber ohne Frage Plakeg oder Ugedoen. Moogy Meyer und René Lauer zeigten eine kabarettistische Meisterleistung. Nur mit einer Gitarre bewaffnet, sorgten vor allem ihre Show und ihre luxemburgischen Texte, bei denen sie kein Blatt vor den Mund nahmen, für Magenschmerzen bei den Zuschauern: selten so herzhaft gelacht! Der Applaus nach ihrem Auftritt schien gar kein Ende zu nehmen.”2

Eng ganz Rei grouss a kleng Konsären Concerten huet Plakeg oder Ugedoen dun iwert die nächst Joer gespillt.

1995, nom Optrëtt an der Zeltstadt am Kader vum M.U.H. Concert, stoung dunn am Lëtzebuerger Land iwert Plakeg oder Ugedoen folgendes geschriwwen: “jeune duo … avec leurs chansons délicieusement naïves, souvent dadaistes et proches de la tradition du cabaret, [qui] jouent souvent devant un public confidentiel, mais enthousiaste”3

2 Opnahmen huet Plakeg oder Ugedoen och schon erausginn. Et sin dëst: “Lunker”, eng Audio-Cassette mat 12 Lidder, an “d’Wurmlidd”, op der MUH CD (1995). Regelméisseg waren de René an de Moogy och um Radio fir hir Lidder en direct ze spillen (ARA, LRB an 100,7). D'Wurmlidd war ënner anerem dunn während 3 Wochen Nummer 1 op der Luxparade. D'Iddi fir eng eegen CD – "Mähdrescher, spruddel mech" opzehuelen soll dann elo, nach virun Enn 2004, realiseiert gin.

Am ganzen huet Plakeg oder Ugedoen em die 50 Concerten gin. Zu denen gréissten gehéieren Waiss Rouss (1993), MUH an der Zeltstad (1995), Rock am Wengert (1995 an 1996) an Après Soleil Festival (2001). Op der Munni-Tour huet Plakeg oder Ugedoen innerhalb vun knapp 2 Wochen 10 (?) Concerten uertertd'ganz Land gespillt.

Matt grousser Freed, sin si gewuer ginn dat hir Lidder och alt emol bei Scouten Owender gesongen gin an de René sengt verschidde Lidder och fir sein Bouf un d'Schlofen ze kréien.

Plakeg oder Ugedoen hier Texter erzielen op witzeg Art a Weis vun der Léift, der Jugend, vu Frëndschaft, der Natur, vun Intoleranz an soziale Problemer. Dene groussen an dene klenge Problemer die dës Welt eben huet. Während hieren Optrëtter verkleede sie sech, als Aarbechter, Matrousen, Rock oder Reggae Staren, an heiansdo och emol baal plakeg.

Och wann hier Haaptuleies ass gesond ze sin an vill Frënn ze hun, wëlle sie niewt Ennerhalung awer och e gewëssene Message eriwwerbrengen, an d’Leit un d’Nodenken kréien. Themen ewei de Respekt virun der Natur, virun anere Mënschen, ons eegen Identitéit oder d’Schwieregketen jonk ze sin an grouss ze gin, leien Plakeg oder Ugedoen um Haerz an sie probéieren an hieren Lidder doriwer nozdenken an se ze verschaffen.